lundi 17 mars 2008

Wild tigers I have known



Desen film ass gut waat dem cameramann seng abescht ubelankt, mee d'story handel em eng fucking emoschuertel. Rien de plus a dire.

Dei 6. Simpsons : Moaning Lisa


''I will not instigate revolution'' sin dem bart seng wieder op der taafel. Deskeier flitt maggie aus dem canape, mee get vum marge ogefang.

D'lisa ass vun ufank un deprimeiert ouni ze wessen firwaat, wei daat alt sou kann sin. Et krit souguer eng verwarnung vun der turnioffer, well et net actif un der stonn participeiert huet. De bart an den homer spillen ganzenzeit super slugfest, een video-box-spill. Natierlech huet den homer keng chance an get komplet ferdeg gemach. Eng friem musik kennt duerch dem lisa seng fenster an d'kummer an et mecht sech direkt op de wee fir eraus zefannen ween dei spillt. Dem klang nogang kennt et bei eng breck, wou den Bleeding Gums Murphy am mountliicht sein blues spillt. Den murphy brengt dem lisa puer saachen bei an se spillen zesummen een improviseiert litt bis d'marge d'lisa opgerecht sichen kennt. Beim streit ween d'maggie vum bart oder lisa am leifsten huet, stellt sech fest dat et television ass. Den homer geet an den Noise Land Video Arcade wou en vun engem epuer tricker gewisen kritt, dei en direkt geint de bart uwennen kann. Mee dei parti kann net ferdeg gespillt gin, well d'marge nach firum schluss den stecker eraus zitt, fir datt se zesummen iwwer d'lisa kennen schwetzen. Da bart zitt sech och soumat definitif als onbesichten boxer zreck. No engem klengen gespreich mam marge ass och d'lisa net mei lang deprimeiert, an als ofschloss gin se och op een concert vum murphy.

Eng episode wou sech zwou geschichten parallel ofspillen an net wei gewint noeneen mat enger verbindung. Mee des folge huet een eindeuteg zeoft gesin.

jeudi 13 mars 2008

I'm not there

I'm not there ass d'biogaphie vum Bob Dylan, mee wei den titel schon seed kent hien selwer guernet dran fir. Sein caracter ass op sechs personnagen opgedeelt an dei och vun verschiddenen acteuren gespillt gin : Woody Guthrie (Marcus Carl Franklin) ass de personnage deen seng kandheet spillt, an desem fall een schwarzen schauspiller deen seng relation zum blues verstaerkt. Jack Rollins (Christian Bale) ass den bob dylan, deen nach keen kennt, en spillt op klengen duerffester seng politeg folkslidder, naive an onsecher huet en nach keng ahnung waat op en duer kennt, och wann en genau wees iwwer waat en sengt. De bale, warscheinlech deen acteur, deen een sech am mansten als dylan kann virstellen, spillt seng roll guer net so schlecht, anschliessent spillt en och den pastor John, deen gospel an enger klenger duerfskierch spillt. Den Arthur Rimbaud (Ben Whishaw) dreckt seng poeteg gedanken an form vun engem verhoer aus. Robbie Clark (Heath Ledger) ass de familienpap deen net vill aanescht ass wei aaner papen, gescheet duerch streidereien, well en nach emmer seng kanner gesin. Een aalen Billy the Kid (Richard Gere) stellt een aalen bob dylan duer, deen nach emmer op der sich ass no sech selwer. An schlussentlech hun mer d'Jude Quinn vum Cate Blanchett gespillt, waat mat engem apsolut verdengtem oscar, een exelenten bob dylan verkierpert. Jo, och wann hat eng fraa ass, huet een d'gefill wei wann de dylan sein personnage baal selwer gespillt hett. Blanchett huet roll vum wahrscheinleg dem bekannsten deel deen een vum dylan kennt, sou zesoen den hoehenpunkt vun senger carrier aus den 60s bis sein motoradaccident (, daat net sein dout ass, mee wou eigentleg den ufank vun engem neien liewensofschnet vum musiker ufengt, wei hien selwer soot : “When I had that motorcycle accident ... I woke up and caught my senses, I realized that I was just workin' for all these leeches. And I didn't want to do that. Plus, I had a family and I just wanted to see my kids.").


Desen film stellt liewen vun engem personnage duer, wei bis elo nach net presenteiert. Duerch dei verschidden caracteren kritt een de bob dylan vun sengen verschiddenen seiten gewisen, dei mat engem traditionellen opbau niemols eriwwer komm wieren. Dei sechs nimm sin net erfonnt, mee geheieren reellen personnagen, dei zesummen een completten bob dylan erginn.
Och wann dem Johnny Cash sein liewen net onintressant war, kann den Walk the Line geint I'm not there complett anpaken. Dei zwee, wei daat bei weltstars sou ass, waren gut op drogen, mee waat den dylan schon direkt mei sympateg mecht ass seng interpretation vun der geselschaft, wougeint den cash nemmen een klengen duerftrottel war.
Daat hei ass een film den een net nemmen soll kucken wann een bob dylan fan ass.


PS.: den dylan ass nach net dout.

lundi 10 mars 2008

The Mist

The mist ass jo sou een scheiss, heiert sech jo och schon un wei mescht. Gehei the fog, dawn of the dead, evolution an ebessen the passion an een deppen an dann kriss de dese braei.

Dese film ass schon am ufank net besonnesch an dann schengt en souguer nach mei schlecht ze gin, waat och de fall ass. Een extra punkt krid den film well dei motherfuckingpriesterbitch eng kurrell an de kapp kritt.
Fir net nemmen ze soen de film ass scheiss, kann ech effectif nach mat 2 positiven elementer kommen : Am film get gewisen dat de mensch an panik situationen nees gans schnell primitf kann gin. Daat zweet ass dat mer de schluss souguer gefall huet, net onbedengt well en keen happy-end huet, mee sou wei dei lescht minut durchgezun ass. (Fir dei dei de film nach wellen kucken, firwaat och emmer, brauchen daat hei dann net zeliesen) D'famill setzt am auto, keen bensin mei an se mengen se giffen souwisou net iwerliewen. Descisioun zesummen getraff an gewosst dat eng kurrell fehlt, erscheisst de pap itwereen aus der famill. Mat den nerven um enn, klemmt de pap aus dem auto, natierlech fir sech vun creaturen buffen ze loossen. (Elo kennt et) Am platz wei erwaard gefriess ze gin, kennt aus dem nivel dei rettent army an dei 4 kurrellen goufen fir neicht verschwend. (Mee USA sin natierlech nees wei emmer gerett.)

Wollt fir desen bullshit guer net souvill schreiwen, mee duerch deen schluss ass en awer nach besser wei de war of the worlds.

PS : durch daat waat ennen um DVD cover steht, krut den film mein gutgemengten pluspunkt selbstverstentleg entzunn.

samedi 8 mars 2008

La Jetée

La jetee ass een schwarzweiß kurzfilm deen nemmen aus biller zesummengeschnidden gouf. Desen film, vun 1962 (mee reicht 1966 an de UK iwerhapt alseicht eraus komm), kann een secherlech als cyberpunk classeieren, och wann et desen ausdrock dei zeit nach net gouf. La jetee d'orly ass eijentlech den numm vum engem fluchhaafen.
Et handelt sech em eng geschicht, dei sech am 3 weltkrig ofspillt. Paris wei dei mecht stiet sin durch d'radioaktiviteit nemmei bewunbar. Elo wunnen d'menschen an ennerierdegen tunnelen, wou och un den prisoneier experimenter durchgefeiert gin.
Eigentlech geet et am film drems evenementer aus der vergangenheet kennen nozehuel, mee dat een mat der zeit net spillen kann.

De film enthellt elementer dei zimmlech vill un Eternal Sunshine of the Spotless Mind vum Michel Gondry, mee haptsechleg un 12 Monkeys vum Terry Gilliam erenneren. Weilt gaeren wessen op sie desen court-metrage gesin hun oder op daat rengen zoufall ass!

vendredi 7 mars 2008

1408


Daat ass d'nummer vun engem zemmer an engem hotel zu NY. Des geschicht baseiert vun enger kurzgeschicht, dei keen aneren, wei nees den steven king geschriwen huet.
Een schreftsteller, deen emmer intressant hotelzemmer sicht fir kennen een neit buch ze schreiwen, kritt den director iweriet daat zemmer zekreien, wou keen lierweg eraus kennt. Bei 60 min. fengt een timer un erof zezielen, waat dono geschitt musst der schon selwer erausfannen.
Desen film huet secher seng momenter an ass 0ch net onbedengt schlecht gemach, mee daerf een sech keen shining vum kubrick erwaarden. Och wann en fir verschiddener warscheinlech net grujelesch oder psycho genuch ass get de film net langweilesch.


Nemmen fir kloer zestellen brutal ass desen film net, firwaat : aus hollywood an vum steven king. An krank ass tetsuo, net daat hei!

Stardust



Hun desen film grad gekuckt a wees net waat ech dovuner soll haalen. Net onbedengt eng schlecht idee, mat scheinen biller an bekannten schauspiller, mee et happert einfach zevill op verschiddenen platzen. D'situationen sin zeoft zebanal geleist.
Mee virwaat kennt de Matthew Vaughn, de regisseur, mat desem maerchen. Eigentlech producer vun filmer wei Lock, Stock and Two Smoking Barrels oder Snatch, ass daat hei sin zweeten film, no Layer Cake, een film iwert een drogendealer. Also firwaat elo een maerchen?

Jiddenfals kann een de film engkeier kucken, wann een leit dohuert dei op fantasy stinn.


READY?

STEADY GO

Dei 5. simpsons : Bart The General


Des folge fengt ouni den ueblechen opening un, also keen bart bei der taafel oder eng szen an der stuff (wees net op daat un menger kopie leit oder op se sou erauskomm ass jidenfals sin schreften zum schluss ongewind lang).

Et fengt alles un mat de cookies dei d'lisa well mat an d'schoul huelen. Jitwereen well een, och de bart, deen schlussendlech een krid deen op de buerden gefall ass ouni dat en et wees. Doweins ass en och sou motiveiert seng schwester ze verteidegen, wei daat d'cookies vun engem college vum Nelson freckt gemach kritt. Den nelson kennt direkt dohinner a krid souguer vum bart eng an d'maul sou dat den blut, daat heecht vengeance, awer reicht no der schoul. Den bart kritt der gudder op d'schness, an get an d'poubelle geschmass (mei wei engkeier). En well sech daat nemei gefaalen loossen, den homer well hellefen, mee daat get neicht. Also geet den bei den Abraham 'Grampa' em enerstezung froen, deen em direkt hellef. Sie gin dofir alseicht mol an den Herman’s Military Antiques fir den Herman ze froen, deen och direkt wees waat muss gemach gin. Also treffen se sech all, dei angscht vum nelson hun, beim bart, wou eng gans strategie opgebaut get. Den bart get den general an treneiert seng soldaten op den ugreff fir, waat excelent klappt. Nodeem den nelson festgeholl ass get een friddensvertrag opgestallt, deen en och enerschreift.

Normalerweis ass een bei den simpsons gewinnt dat sech zwou geschichten, dei neicht matdeneen ze din hun, verbannen. Daat ass an deser episode net de fall, et fengt mam nelson un an held och mam nelson op (ausser fleit dei eicht minut bei den simpsons doheem).






jeudi 6 mars 2008

Dei 4. simpsons : Theres No Disgrace Like Home


Den text op der taafel seet : 'I will not burp in class' (ech waerd net an der class repsen), an deskeier flitt den homer vum canape.

Des folge fengt mat enger party beim burns un, wou itwereen dem boss an den asch kriecht. Marge besauft sech, an d'kanner veieren sech egalwei op. Den homer, den mol engkeier keng komme leist, probeiert op dei aaner opzepassen. Um wee fir fort geseid den homer eng 'perfekt' famill, dei seng schlecht do stoen leist.
Den homer, deprimeiert,

get nach vum Barni ko-geschlo an dessideiert senger famill ze weisen dat sie een probleem hun. Doweins verkeeft den homer hir tv, fir kennen therapy beim Dr. Marvin Monroe zebezuelen, mee do weist him seng famill dat hien de problem ass. (An der salle d'attende geseid een am hanergrond och dei 'perfekt' famill.)
Den marvin monroe probeiert et mat anti-agressions therapy, wei schaumschleier, mee nodeem daat neicht brengt, sin se alle fenef un elektoschockstill befestecht, waat komplett ausaart an dem burns natierlech gefellt, well de stroumverbrauch op grenzen trefft. Schlussentlech kreien se duebel souvill suen zreck, well therapy neicht bruecht huet. An elokennen sech eng nei, mei fett tv kaafen, wei se am ufank haaten, woumat natierlech itwereen zefridden ass.

An deser episod geseid een gans gut dat de witz nach mei op sozial probleemer (dei eigentlech emmer actuel sin) opgebaut ass, an net wei dei nei, dei sech mei op actuel szenen an filmer konzentreieren. Zum beispill wei d'kanner reuesch gestasllt gin, nee net mat hellef vun engem kannermaedchen, mee dofir eng tv. Eng gut folge dei een vileicht schon zevill gesin huet.





mercredi 5 mars 2008

Homer got the idea


Dei 3. simpsons : Homers Odyssey


'I will not skateboard in the halls' schreift de bart op d'tafel an de canape fiert auserneen.

Des folge fengt mat der classenfaart an d'kernkraftwieg un. Den Otto kennt schon zespeit bei d'schoul an dann fiert en zweemol een emwee. Am kernkraftwieg ukomm kreien se alseicht mol een propagandafilm vum Smithers gewisen, deen do schwatz ass an net giel (vileicht gouw et als rascisteg betruecht oder hat zeweinech succee, waat rascistech wier, mee bon). Natierlech baut den homer een accident a get eraus geschmass vum Cherry and Terry hieren pap, d'zwillingen dei de bart schon gansen zeit gesuckt hun.
D'marge fengt nees un als kelnerin mat rollschung zeschaffen, well den homer keng abescht fent. Doweins dessideiert en och sech emzebrengen, mee seng famil kennt nach zuer zeit un, fier dat heen se kann retten. Seitdem huet en och nees een ziel, sech fier strossenschelder anzesetzen, daat en eindeutesch iwerdreift. Nodem alles voller schelder ass dessideiert en sech geint kernkraftwieg anzesetzen, waat awer net lang dauert well en vum burns eng nei platz kridd als secherheetsinspector. Brengt awer een grandiosen oftret vun der manifestation, fir dat en nees fier den feint schafft.
An deser folge, opwuel den homer gut domm ass weist en nach eng form vun intelligence, dei speiderhin nemmei zegesin ass. Den otto huet een neien tattoo (wees net wei en un deen komm ass), mee wei den bart seet dat en och sou een well, seet den otto : 'not until your 14 my little friend', jo ok, mee den bart hat schon een tattoo an der eichter folge. De Wendell katzt och an de bus (daat muss gesoot gin).

Dei 2. simpsons : Bart The Genius


Daat eicht waat de bart op taafel schreiwt ass : I will not waste chalk, waat souvill heecht wei : ech waerd keng kreid verschwenden. Bei der canape-szen flitt de bart an d'lut, wei den homer sech drop schmeist.

De bart spreit den Skinner mam sproch : I am a wiener, op d'mauer vun der schoul (waat den homer mei speit och witzeg fent). Doweins get de bart, fir no der schoul, bei den direktor gescheckt, wo net nemmen de skinner waart, mee och een examinetor vum IQ-test. Desen test haten se missen machen, wei se aus der paus zreck komm sin.
De bart, ganz verdreemt (de schaffner aus sengem draam geseit aus wei een personnage vum loriot), krit neicht op blaat an wiesselt dann natierlech mat deem blaat vum Martin, deen eichter verdeg war. Zreck am bureau, de bart soll een IQ vun 216 hun an get an een learning center fir genius gescheckt. Do get et nemmen ' one rule, make your own rules'. Daat gefellt dem bart am ufank deck gut, mee en geseid schnell dat do een aneren niveau herscht an se all de geck mat him machen.
Mee well simpsons voll op genius machen gin se seuguer an d'oper, daat kann net gut ausgoen:

De bart get schlussentleg zeu dat en itwereen gelenkt huet an geet nees an seng aal schoul zreck.

Eng folge dei een schon oft gesin huet (wann een mat pro7 opgewues ass. WTF!), dei awer seng momenter huet opwuel se villzevill moral priedecht.


lundi 3 mars 2008

Dei 1. simpsons : Simpsons Roasting on an Open Fire


Also fenken lo mol un iwer dei 1. vun 13 folgen an der eichter staffel ze schreiwen, wann een bedengt dat elo eng staffel iwerd 20 folgen huet an se schon bei der 19. ukomm sinn, hun ech nach een weiten wee.
Des ass dei eicht foleg dei 23 min dauert, an se fengt och net mam heemwee bei television wei ueblech un, mee mat enger christmas special folge geet et lass (geseid no engem erfolegreichen pilotprojet aus).

Marge an den Homer sin ennerwee fir an elementary school fir chreschtdagsopfeierung kucken ze goen. Zespeit, den Homer rast an knupt net an, bis an de schneikoup firun der schoul. D'Marge ass frou epes mat der famil ze machen. D'Maggie ass am sterenkostum.
D'Lisa feiert een afrikaanesch chreschtdags ritual op an den den Bart sengt batman smells. An den eichten 3 min geseid een schon direkt caracterzich vun den verschidenen haptpersonnagen.
Fir dei dei net wessen weieng folge et ass, den homer krit keng christmaspremie an en traut sech net senger famil et ze soen. Dobei huet de bart sech een herz mat moth'er' tattooweieren geloos. Well et ewech gemach get, huet marge och keng suen mei. Beim Flanders klapt natierlech alles perfekt.
De homer geht als santa schaffen, mee get gelengt an krit nemmen 13 bugs. Also mecht en et wei den Barni an geet bei d'honsrennen fir (net wei de barni) op de falschen hond ze wetten. Mee schlussentlech kennt den hont, deen leschten am rennen an doweins ausgestousenen Santa's little helper (knechtrubrecht) hinnen zougelaaf. Den hond get heem bruecht an sie hun awer een happy marry christmas.

Hun des folge natierlech virdrun schon kannt, mee het awer net geduercht dat et dei eicht wier. Fellt awer op dat d'personnagen viergestalt gin an dat lauter klengeschkehten aanescht sin. Sou wei den Moe, deem sein cafe nach aanescht ausgeseid oder dem Burns sein schreifdech, deen nach mei fett ass wei elo. Fir eng special folge ass et eng zimmlech gut.

Dei 1. idee

Hun mer iwerluescht fir iwer d'simpsons zeschreiwen. Elo waerd der soen daat ass neicht neies, daat get et schon genur, mee daat ass mer egal!

Fenken och vun fir un, mee mat der serie, net mat de mini-comics an der zeitung oder waerent enger tvshow. Wollt och net dee commerce knascht wei d'simpsons comics (vun pro 7 fir een beispill ze gin) brengen oder deen circus ronderem, mee einfach eng foleg no daer aanerer duerch huelen. Wees och nach net wei lang daat waert daueren, oder op mer nach aaner sachen affaalen.

Also elo

muss ech mer eppes iweleen!