lundi 17 mars 2008

Dei 6. Simpsons : Moaning Lisa


''I will not instigate revolution'' sin dem bart seng wieder op der taafel. Deskeier flitt maggie aus dem canape, mee get vum marge ogefang.

D'lisa ass vun ufank un deprimeiert ouni ze wessen firwaat, wei daat alt sou kann sin. Et krit souguer eng verwarnung vun der turnioffer, well et net actif un der stonn participeiert huet. De bart an den homer spillen ganzenzeit super slugfest, een video-box-spill. Natierlech huet den homer keng chance an get komplet ferdeg gemach. Eng friem musik kennt duerch dem lisa seng fenster an d'kummer an et mecht sech direkt op de wee fir eraus zefannen ween dei spillt. Dem klang nogang kennt et bei eng breck, wou den Bleeding Gums Murphy am mountliicht sein blues spillt. Den murphy brengt dem lisa puer saachen bei an se spillen zesummen een improviseiert litt bis d'marge d'lisa opgerecht sichen kennt. Beim streit ween d'maggie vum bart oder lisa am leifsten huet, stellt sech fest dat et television ass. Den homer geet an den Noise Land Video Arcade wou en vun engem epuer tricker gewisen kritt, dei en direkt geint de bart uwennen kann. Mee dei parti kann net ferdeg gespillt gin, well d'marge nach firum schluss den stecker eraus zitt, fir datt se zesummen iwwer d'lisa kennen schwetzen. Da bart zitt sech och soumat definitif als onbesichten boxer zreck. No engem klengen gespreich mam marge ass och d'lisa net mei lang deprimeiert, an als ofschloss gin se och op een concert vum murphy.

Eng episode wou sech zwou geschichten parallel ofspillen an net wei gewint noeneen mat enger verbindung. Mee des folge huet een eindeuteg zeoft gesin.

Aucun commentaire: