jeudi 13 mars 2008

I'm not there

I'm not there ass d'biogaphie vum Bob Dylan, mee wei den titel schon seed kent hien selwer guernet dran fir. Sein caracter ass op sechs personnagen opgedeelt an dei och vun verschiddenen acteuren gespillt gin : Woody Guthrie (Marcus Carl Franklin) ass de personnage deen seng kandheet spillt, an desem fall een schwarzen schauspiller deen seng relation zum blues verstaerkt. Jack Rollins (Christian Bale) ass den bob dylan, deen nach keen kennt, en spillt op klengen duerffester seng politeg folkslidder, naive an onsecher huet en nach keng ahnung waat op en duer kennt, och wann en genau wees iwwer waat en sengt. De bale, warscheinlech deen acteur, deen een sech am mansten als dylan kann virstellen, spillt seng roll guer net so schlecht, anschliessent spillt en och den pastor John, deen gospel an enger klenger duerfskierch spillt. Den Arthur Rimbaud (Ben Whishaw) dreckt seng poeteg gedanken an form vun engem verhoer aus. Robbie Clark (Heath Ledger) ass de familienpap deen net vill aanescht ass wei aaner papen, gescheet duerch streidereien, well en nach emmer seng kanner gesin. Een aalen Billy the Kid (Richard Gere) stellt een aalen bob dylan duer, deen nach emmer op der sich ass no sech selwer. An schlussentlech hun mer d'Jude Quinn vum Cate Blanchett gespillt, waat mat engem apsolut verdengtem oscar, een exelenten bob dylan verkierpert. Jo, och wann hat eng fraa ass, huet een d'gefill wei wann de dylan sein personnage baal selwer gespillt hett. Blanchett huet roll vum wahrscheinleg dem bekannsten deel deen een vum dylan kennt, sou zesoen den hoehenpunkt vun senger carrier aus den 60s bis sein motoradaccident (, daat net sein dout ass, mee wou eigentleg den ufank vun engem neien liewensofschnet vum musiker ufengt, wei hien selwer soot : “When I had that motorcycle accident ... I woke up and caught my senses, I realized that I was just workin' for all these leeches. And I didn't want to do that. Plus, I had a family and I just wanted to see my kids.").


Desen film stellt liewen vun engem personnage duer, wei bis elo nach net presenteiert. Duerch dei verschidden caracteren kritt een de bob dylan vun sengen verschiddenen seiten gewisen, dei mat engem traditionellen opbau niemols eriwwer komm wieren. Dei sechs nimm sin net erfonnt, mee geheieren reellen personnagen, dei zesummen een completten bob dylan erginn.
Och wann dem Johnny Cash sein liewen net onintressant war, kann den Walk the Line geint I'm not there complett anpaken. Dei zwee, wei daat bei weltstars sou ass, waren gut op drogen, mee waat den dylan schon direkt mei sympateg mecht ass seng interpretation vun der geselschaft, wougeint den cash nemmen een klengen duerftrottel war.
Daat hei ass een film den een net nemmen soll kucken wann een bob dylan fan ass.


PS.: den dylan ass nach net dout.

Aucun commentaire: