mercredi 5 mars 2008

Dei 3. simpsons : Homers Odyssey


'I will not skateboard in the halls' schreift de bart op d'tafel an de canape fiert auserneen.

Des folge fengt mat der classenfaart an d'kernkraftwieg un. Den Otto kennt schon zespeit bei d'schoul an dann fiert en zweemol een emwee. Am kernkraftwieg ukomm kreien se alseicht mol een propagandafilm vum Smithers gewisen, deen do schwatz ass an net giel (vileicht gouw et als rascisteg betruecht oder hat zeweinech succee, waat rascistech wier, mee bon). Natierlech baut den homer een accident a get eraus geschmass vum Cherry and Terry hieren pap, d'zwillingen dei de bart schon gansen zeit gesuckt hun.
D'marge fengt nees un als kelnerin mat rollschung zeschaffen, well den homer keng abescht fent. Doweins dessideiert en och sech emzebrengen, mee seng famil kennt nach zuer zeit un, fier dat heen se kann retten. Seitdem huet en och nees een ziel, sech fier strossenschelder anzesetzen, daat en eindeutesch iwerdreift. Nodem alles voller schelder ass dessideiert en sech geint kernkraftwieg anzesetzen, waat awer net lang dauert well en vum burns eng nei platz kridd als secherheetsinspector. Brengt awer een grandiosen oftret vun der manifestation, fir dat en nees fier den feint schafft.
An deser folge, opwuel den homer gut domm ass weist en nach eng form vun intelligence, dei speiderhin nemmei zegesin ass. Den otto huet een neien tattoo (wees net wei en un deen komm ass), mee wei den bart seet dat en och sou een well, seet den otto : 'not until your 14 my little friend', jo ok, mee den bart hat schon een tattoo an der eichter folge. De Wendell katzt och an de bus (daat muss gesoot gin).

Aucun commentaire: